Eng nei Identitéit fir de Famillgebetrib

RTL-Business 21.9.2022

D’Moulins de Kleinbettingen feieren 101 Joer. Déi Klengbettener Millen ass jo zanter laange Jore bekannt fir hir Miel- an Nuddeleproduktioun. Am Kader vun der Gebuertsdagsfeier hu si elo hir fonkelnei Produktiounsunitéit op Basis vu planzleche Proteinne virgestallt, déi zu enger méi nohalteger a méi gesonder Welt bäidréit.

De Jean Muller féiert d’Famillgentraditioun, déi esouguer op 1704 zeréck geet, elo an der 11. Generatioun weider. Et goufen iwwer 20 Milliounen Euro an déi nei Technologie investéiert, mat där alternativ Liewensmëttel op Basis vu Planzeproteinnen hiergestallt ginn, an Zäiten an deenen d’Fleeschproduktioun geschwënn net méi wäert duer goen, fir déi ganz Weltbevëlkerung ze ernären.

Als staarken Acteur am Lëtzebuerger agro-alimentaire Secteur hunn d’Moulins de Kleinbettingen also eng lokal Alternative an nohalteg Nisch fonnt, mat där si sech national an international en Numm wëlle maachen. An deem Sënn krut dee moderne Betrib och elo eng nei Identitéit, fir déi Developpementer ze ënnersträichen. Den neie Logo dréckt esouwuel d’Traditioun, de Savoir-faire an d’Léift zu der Natur an de Produkter aus.

RTL-Interview mam CEO Jean Muller