Rendez-vous samschdes den 1. Oktober um 16:30 am CELO zu Hesper.

Business News 28.09.2022

Op Initiativ vum Familljeministère organiséiert de GERO den Dag vun der Diversitéit den 1. Oktober zu Hesper am CELO. Um 2 mëttes ginn et schonn 2 Ateliere proposéiert an den offiziellen Haaptdeel fänkt um 16.30 Auer un. Do gëtt et e flotte Programm mat Musek an Theater wou d’Stereotyppe vum Alter mol sou richteg ausernee geholl.

« Vive la diversité » heescht et also den 1. Oktober um internationalen Dag vun den eelere Leit,  zu Hesper am CELO. Den Entrée ass gratis an den Event riicht sech un Jiddereen deen un der Thematik interesséiert ass. Méi Informatiounen op gero.lu.