Entdeckt e ganz schéint, exklusiivt Appartement, schlësselfäerdeg, mat héichwäertege Finitiounen an direkt disponibel!

RTL-Business 30.9.2022

Dëse Samsdeg 1.10. a Sonndeg 2.10. invitéiert de Lëtzebuerger Familljebetrib Group Maréchal op eng grouss Porte Ouverte. Déi ass zu Koplescht op Nummer 92 an der Mierscher Strooss, all Dag vun 14.00 bis 18.00.

Maréchal weist Iech hei e ganz schéint, exklusiivt Appartement, schlësselfäerdeg, mat héichwäertege Finitiounen an direkt disponibel! Eng ideal Geleeënheet fir Iech fir Är Wunneng, Äre Bau oder Renovatioun ze inspiréieren an hier excellent Aarbecht kennen ze léieren. Si begleeden Iech bei Ärem Projet mat enger professioneller Equipe aus Architekten, Steemetzer, Elektriker bis bei d’Finitioun.

Bei Maréchal sichen se och ëmmer no Haiser an Terrainen. Hir Objeeën am Verkaf an an der Locatioun, grad esou wéi all weider Informatioune fannt Dir op marechal.lu.