346 Wäiner aus 54 biologeschen Domainer an där mat enger « Haute Valeur environnementale »

RTL-Business 30.9.2022

D’“Foire aux Vins d’automne“ am Match ass lancéiert. Nach bis en Dënschdeg 18. Oktober fannt Dir an Äre Match Supermarchéë déi beschte Wäiner zu beschte Präisser : am Folder sinn 346 Wäiner aus 54 biologeschen Domainer an där mat enger « Haute Valeur environnementale ».

D‘Oenologe vum Match si prett fir Iech an Ärem Choix ze guidéieren, déi passend Accorde fir de Wäin an Är Platen ze fannen, gutt Millésimen ze schmaachen. Am Katalog reest Dir duerch all déi bekannt europäesch Wäiregiounen  an entdeckt dobäi och allerlee Neiegkeeten a Cépagen. Déi selektionéiert Wäiner aus de Guiden, wéi Hachette, Decanter, asw… sinn natierlech och liicht ze erkennen.

D‘Coups de cœur vum Match-Sommelier sinn ëmmer e gudde Choix ! Profitéiert also déi nächst Woche vun der « Foire aux Vins d’automne » an Äre Match-Supermarchéën fir Iech Äre Wäikeller unzeleeën oder nees opzefëllen, zum beschte Präis-Leeschtungsverhältnis !