Calliste verschéinert Iech den Hierscht
Kleet Iech nei an oder dekoréiert Äert Doheem an Hierscht-Faarwen!
Nom laange Summer, ass den Hierscht zu Lëtzebuerg ukomm an domat och déi neiste Moude-Trends bei Calliste.
Calliste a seng Ekipp ass mat neie Marken a Kollektioune prett fir déi kal Joreszäit: Vum kuschelege Stréck-Pullover an der Trend-Faarf Gréng, iwwer nei Recycling-Stëppjackette vun der Mark Ecoalf bis hin zu originellen Dekoratiounsartikelen am skandinavesche Stil. Jiddweree fënnt de passenden Hierscht-Look an engem vun de 9 Calliste-Geschäfter zu Dikrech, Miersch an op der Wemperhaart.
Duerch déi individuell a perséinlech Nout vu Calliste entsteet eng modern Mëschung aus bekannten a manner bekannte Marken, nohaltege Kleedungsstécker a stilvollen Dekoratiounsartikelen.
A GANZ NEI: De Kannerrayon op der Wemperhaart.
Oder kaaft Dir léiwer online an? Kee Problem. Déi neisten Trends fannt Dir och am CallisteOnlineshop ënner calliste.lu.