Erlieft e flotte Familljendag
Ënnerierdesche Parcours bis op 42 m Déift: Nei am Musée d'ardoise
E ganze Weekend voller Animatioun
De Schiefermusée Uewermaartel feiert dëse Weekend grouss Ouverture.
Den neien ënnerierdesch Parcours bis op 42 m Déift ass ab elo op!
Kommt a loosst di beandrockend grouss ënnerierdesch Kummere mat moderner Beliichtung, Film a Bild op iech wierken. 370 Träppleken iwwert ee Parcours vun 350 m an iwwer di déifsten ënnerierdesch Bréck bidden iech dëse Weekend ee wiederfesten Ausflug fir d’ganz Famill ab 4 Joer.
Um Programm sti Musek an Animatiounen, Foodtrucken a Gedrénksstänn, Zuch a Bopebistro. Historesch Navettë vum P&R Kierfecht Pärel bréngen iech bis an de Schiefermusée.
Reservéiert är Tickete fir d’Descenten iwwer wwww.ardoise.lu
14/10/2022 Business
Am meeschte gelies