Dësen "Investissement hotelier" huet eng ganz Parti Virdeeler.

19/10/2022 Business

Lamy Group bréngen den "Investissement hotelier" op Lëtzebuerg. D’Konzept ass, datt een eng oder méi Kummere vun engem Hotel ka kafen.

Beim dësem touristesche Projet, dee vum Grupp entwéckelt gouf an deen Anatura heescht, geet et ganz konkret em en Hotel um Séi zu Wäiswampech.

Een Haaptvirdeel ass datt ee kann an eng Immobilie investéieren ouni sech mussen em e Loyer ze këmmeren. Zousätzlech spuert een d’TVA, et huet ee Steierlech Virdeeler an et diversifiéiert ee säi Patrimoine op eng sécher Manéier.

Als Kiischt um Kuch huet een och nach en Avantagéisen Tarif op Sejouren am Hotel. All d’Detailer ginn et op Lamyproperty.lu.

RTL