Och mat engem Locatiounsservice

Nissan ass zanter dem 20. Oktober an der Zone Industrielle Zano zu Dikrech, fréier waren si zu Ettelbréck.

D’Gebai mat enger Fläch vun iwwert 2000 m2 ass dat éischt an der CAR Avenue-Grupp wat mat enger Solaranlag equipéiert ass.

Dës Investitioun erméiglecht et bal 40% vum Joeresenergieverbrauch ze decken an domat d’Energiekäschten ze spueren.

Do dernieft huet de Grupp beschloss d’Waasser vum neie Car-Wash ze recycléieren.

D’Garage huet e Karrosserieservice fir all Marke mat zwou Schläifkabinnen an enger Kabinn fir ze lackéieren.

A bei CAR Avenue RENT gëtt e Service fir d'Locatiounen ugebueden.

21/10/2022 Business