City Concorde a vill flott Aktiounen
Gewannt bis zu 3.000€
De Weekend vum 21. bis den 23. Oktober ass nees vill lass an der City Concorde.
Hei ass den Owend vum 21. Oktober nämlech déi grouss Nocturne.
An an deem Kader sinn d‘Geschäfter an d’Restauranten bis 11 Auer Owes op an et kann ee beim grousse Concours, wann ee bis de Schluss bleift, 3000€ gewannen!
Natierlech ass och fir Musek a weider Animatioun gesuergt.
Et ass donieft och de Start vum Mantelweekend, wou d‘City Concorde wéi gewinnt och Sonndes vun 2 bis 6 op ass...
D’Restaurante fir de gudde Maufel virum Shopping, scho vun 11 Auer un.
Attraktiv Remisen, Live Musek an Atelieren, dierfen natierlech net feelen!
Et lount sech de Weekend vum 21. bis den 23. Oktober de Wee an d‘City Concorde ze maachen.
Méi Informatioune ginn et och op www.concorde.lu.