D'Chambre des salariés gëtt e Gesetzesprojet eraus
D'CSL setzen sech fir d'Rechter vun de Salariéen an.
D’Chambre des salariés - CSL gëtt en neie Gesetzesprojet eraus fir Leit déi fir online Plattforme schaffen.
Vill Leit schaffe mëttlerweil online. Dës ginn och als "Crowd-", "Click-" oder "Microworkers" oder "AppJobbers" bezeechent.
Déi Beruffer sollen mam Gesetzesprojet elo e legale Kader kréie fir datt déi Leit déi esou schaffen och kënnen vun de Reegele vum Droit social profitéieren.
Mat dësem Gesetzesprojet kréichen si d’Recht op ënnert anerem de Mindestloun, gereegelt Aarbechtszäiten a Congésdeeg.
Heizou huet d’Chambre des Salariés och eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert.
Méi dozou op der Facebook- a Linkedinsäit vun der CSL an op CSL.lu.