
Virun 10 Joer huet CNI Les Thermes seng Dieren opgemaach. Fir de ronne Gebuertsdag erwaarden Iech vill Iwwerraschungen an dat nach bis den 10. Februar.
E Mëttwoch gëtt et zum Beispill ënnert dem Motto Tchin Tchin eng Coupe gratis no de Couren, en Donneschden ass en Nomëtte fir d’Famill virgesi mat gratis Entrée fir d’Kanner bis 9 Joer, e Freideg ass Senioren-Dag mat gratis Entrée ab 60 Joer, de Samschden ass de ganze Nomëtten Animatioun fir Kanner mat Iwwerraschungen, a Sonndes um leschten Dag steet vu moies 9 bis mëttes 1 Auer Aqua-Gym fir jiddereen um Programm.
Also wierklech e flotte Programm fir d’ganz Famill an dee fannt der och nach emol ënner lesthermes.net.
A mir wënsche CNI Les Thermes dann op dëser Plaz och nach eng Kéier alles Guddes fir de ronne Gebuertsdag.