Neit Geschäft, neit Konzept: D'Velosgeschäft Trisport vun elo un um Lënsterbierg

IPL
Elo nach méi no um Client

Trisport konzentréiert sech vun elo un ganz op ee Geschäft a proposéiert hei och e ganz neit Konzept. Dat neit Vëlosgeschäft um Lensterbierg zu Jonglënster ass ganz client-orientéiert an am Geschäft selwer ass och e Bar mat enger klenger Restauratioun, wou ee mëttes ka seng Velosrascht maachen an eppes Klenges iessen.

Donieft bidden si och e Full-Service op Rendez-vous un. Esou kënnt Dir moies um 7 äre Vëlo ofginn a quasi sécher sinn dass der en owes erëmkritt. An et ass och e grousse Fitting-Center dra wou der kennt e Rendez-vous huele fir de Bike Fit.

Fir de Rescht fannt der hei wierklech alles zum Thema Vëlo, vum E-Bike iwwert de Mountainbike bis bei déi passend Accessoiren. E puer éischt Impressioune vum neie Geschäft ginn et iwwregens elo schonn op hirer Facebook-Säit.

19/04/2019 Business

https://www.facebook.com/trisportlux/?ref=br_rs

www.facebook.com/trisportlux

Back to Top
CIM LOGO