
Passend virun a wärend de Feierdeeg huet d’Fédération Luxembourgeoise des Bijoutiers-Horlogers hiert Gewënnspill « 1 Karat » lancéiert.
Wann Dir nach bis de 24. Dezember e Bijou oder eng Auer, an engem vun de Geschäfter déi matmaachen, kaaft, kritt dir e Lous mat dobäi, mat deem Dir zum Beispill 500 Euro u Kaddosbonge gewanne kënnt.
De grousse Gewënner dierf sech dann op en Diamant mat engem Karat freeën, natierlech och mat Zertifikat.
Mat dëser Aktioun ënnerstëtzt d’Federatioun vun de Bijoutieren an Auermécher, déi 1946 gegrënnt gouf, och hier Geschäfter.
Wann Dir méi iwwert d’Federatioun an hir Partner wësse wëllt da kuckt op Fédération Luxembourgeoise des Bijoutiers-Horlogers.
Hei sinn d’Geschäfter déi matmaachen :
Bijouterie-Horlogerie WAGNER - Diddeleng
Patrice Parisotto Design - Stad
Brever Bijouterie-Horlogerie - Klierf
Limpach Ateliers - Belair Stad
Bijouterie Hoffmann - Gréiwemaacher & Stad
Jentgen Luxembourg - Kierchbierg Stad
Corniche Bijoux - Stad
Nancy Fis Jewellery - Hiefenech
Mon Cadeau - Schëffleng
La Forge d’Or - Miersch an Ettelbréck
Mir wënsche Bonne Chance a villäicht kritt Dir e klengen Onerwaarte Kaddo ënnert de Beemchen.