
De Lycée Bel-Val bidd esouwuel Klassen am Enseignement secondaire classique, wéi och am Enseignement secondaire general. Verschidde Klasse ginn och op franséisch ugebueden an a ville Klasse gëtt och mam i-Pad enseignéiert.
D’Schüler hunn och d’Méiglechkeet vun engem Ganzdaagsencadrement ze profitéieren. Esou kënnen si zum Beispill hir Hausaufgaben an der Schoul maachen oder u flotten Aktivitéiten deelhuelen, ewéi Klammen, Fechten, Kachen a nach villes méi.
Donieft gëtt et e Makerspace wou d’ Schüler sech mat techneschen an digitalen Installatiounen ewéi Roboter oder 3D-Printer zukunftsorientéiert beschäftege kennen.
Entdecke kënnt der de Lycée Bel-Val wéi gesot Dënschdes den 30. Abrëll, vun Owes 6 bis 9, a Samschdes de 4. Mee, vu moies 9 bis mëttes 3. Weider Info op www.lbv.lu.