Sonndes de 24. Juni

Dat ass Natur pur vun der Our, Produiten, déi ënnert de Grondzieler Transparenz, Traçabilitéit a Qualitéit produzéiert ginn. Hei gëtt et verschidden Zorte kal gepressten Uelecher, gudden Hunneg, Moschter, Wëllkaarnuddelen a villes méi.

Dëse Sonnden, 26.06.16, ass Bléien a Beiefest zu Kaalber, dat vun der BEO , der Bauereninitiviativ fir d’Eisleck, hire Genossenschaften an dem Klierfer Beieveräin organiséiert gëtt.

Hei kënnt dir um Bléiepad duerch d’Natur spadséieren oder iech vum Trakter am Won féiere lossen…, an och déi regional Produiten um Bauremaart schmaachen, kaafen a kucken, wou a wéi se hiergestallt ginn.

D’Ourdaller Bléien a Beiefest dëse Sonnden zu Kaalber an och ob www.beo.lu.