Profitéiert vum gudde Wieder an der Réidener Schwämm
Grousse Bausseberäich mat zousätzlechen Attraktiounen
Grouss Vakanz, gutt Wierder, wisou net an d’Réidener Schwämm ?
Well nieft dem grousse Schwammbasseng, der Rutschbahn, dem Whirlpool, dem Warm.- a Planschbecken, ass ab Mëtt Juli och erëm de groussen Bausseberäich fir Iech op, mam Wellenbad, Sonnenterrass an zousätzlechen Attraktioune wéi Sprangschlass, Megarutsch a Powerbooter.
Natierlech kann een och vum Wellnessberäich profitéieren, dat mat insgesamt 5 verschiddene Saunaen a purer Natur.
Donieft fannt dir an hirer Brasserie vu Glacen, iwwer lecker Snacken a knackeg Zaloten alles wat d‘Häerz begiert.
Loscht op Summer am wëlle Westen, da fuert laanscht a kuckt fir méi Info op www.reidener-schwemm.lu