Maacht mat beim Memory Walk vun der ala
mat flotten Animatiounen an Infostänn op der Place Clairefontaine
Am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag invitéiert d’ALA, dëse Samschden op hire Memory Walk. Dëst Joer zum Thema « Selbstbestëmmung trotz Demenz ».
Lass geet et um 11 Auer op der Place Clairefontaine! Do kritt dir Informatiounen iwwer Alzheimer, déi verschidden aner Forme vun Demenz an d’Servicer vun der ala. Weist är Solidaritéit mat de betraffene Leit a maacht mat beim Memory Walk. Den Trëppeltour féiert dëst Joer an de Lëtzebuerg City Museum a vun do aus op d’Corniche an op de Bock. Départ ass ob der Place Clairefontaine um Eng, halwer Dräi an hallwer Véier.
Umelle kënnt dir iech gratis op
.
De Memory Walk vun der ala: dëse Samschdeg op der Place Clairefontaine. Fir Animatioun an Iessen ass natierlech och gesuergt.