E schéinen Dag an de Bongerten vum Pretemer Haff
Mat Animatioun an Navette
Dir wëllt saisonal a regional akafen, a wëssen, wou är Liewensmëttel hierkommen? Dann näischt ewéi op de Pretemer Haff zu Lampech bei d’Famill Hoffmann-Gangloff.
De 7ten Oktober ass hei nämlech grouss Porte-Ouverte fir Pappendag. Verbréngt e schéinen Dag an de Bongerten, a léiert ewéi den Uebstbau um Haff ofleeft. Hei fann Dir ënnert anerem de beléifte Lampi oder Schampi, Gebeess, Jus’en, frësch Äppel a Bieren, Kürbissen, a vill aner gesond Saachen, alles direkt vum Haff.
Ma och vill Animatioun fir Grouss a Kleng kritt Dir hei gebueden, wéi Holzspiller, een Sprangschlass, a Konscht an Handwierkerstänn.
En plus fiert de ganzen Dag eng Navette, déi Iech vum Duerf op den Haff bréngt.
De Pretemer Haff tëschent Lampech a Schuller, an op pretemerhaff.lu.