Wiessel no 38 Joer
Nei Gerance bei der Bijouterie Maryse Hoffmann
No 38 Joer ass elo an der Bijouterie Hoffman e Generatiounswiessel ugesot.
Iwwerholl gëtt d’Traditiounsgeschäft vum Sandy Streff, déi zanter Joren och schonn am Geschäft matschafft.
D’Maryse Hoffmann wäert weiderhin als sougenannte ‚Eminence grise‘ mathëllefen, an der jonker Cheffin mat Rot bäistoen.
Fir den treie Clientë Merci ze soen, offréiert d’Bijouterie Maryse Hoffmann bis den 31. Dezember 20 Prozent op der ganzer Kollektioun. Eng gutt Occasioun also, fir sech e wäertvolle Brillant oder schéine Bijou eraus ze sichen.
Och ënnert der neier Gerance fannt dir d‘Bijouterie Hoffmann wéi gewinnt uewen an der Neipuertsgaass an der Stad.
Am meeschte gelies