D'Foire Vakanz ass a Siicht!
Fannt och Dir Är Dramdestinatioun
D’Luxexpo The Box versetzt eis wärend 3 Deeg a Vakanzestëmmung!
Mat Dramreesen, deene schéinste Landschaften an eenzegaartege Entdeckunge fir eleng, zu 2, als Famill oder am Grupp.
Op der Foire „Vakanz“ gëtt e grousse Programm gebueden, wou fir jiddereen eppes dobäi ass: Vun der Weltrees, iwwert organiséiert Reese bis hin zu klenge City Trips.
A wie mengt Vakanz wier just Erhuelung, dee läit falsch.
Fir déi déi op der Sich no e bëssen Action sinn, huet d’Vakanzefoire nämlech och genuch ze bidden: Iwwer 200 Beroder stinn Iech zur Verfügung bei Froen zu Rafting, Stand-up Paddling, Wanderungen a méi.
Donieft kann och jidderee bei flotte Gewënnspiller matmaachen a fir Animatioun fir Grouss a Kleng ass natierlech och gesuergt.
Rendezvous also, dëse Freiden, Samschden a Sonnden op der Foire Vakanz an der Luxexpo The Box