2021 kënnt mam Garage Claren et Cie en neie Garage op de Rouscht!
Schonn zanter 1950 ass de Garage Claren et Cie fir Iech do!
De Garage Claren et Cie ass e Familljebetrib deen 1950 gegrënnt gouf an haut an 3. Generatioun gefouert gëtt.
No méi wéi 70 Joer zu Dikrech, ass et elo un der Zäit fir deen nächste Schratt an esou gouf, zesumme mam Grupp Losch e fonkelneie Garage um Rouscht erriicht.
Zanter 30 Joer ass de Garage Claren et Cie schons offizielle Skoda Partner an zënter kuerzem, eenzegen offizielle Seat, Cupra a Skoda Concessionnaire am Norde vum Land.
Nieft dem Verkaf vu Neiween a héichwäertegen, kontrolléierten Direktiounsautoen, steet iech elo och en héichmodernen Atelier, um neiste Stand vun der Technik, zur Verfügung an deem nieft Mechanik- och, Karosserie-Aarbechte kënne virgeholl ginn.
Méi Infos fannt Dir op claren.lu.