Hei fannt Dir Occasiounsween an de richtege Partner fir Reparaturaarbechten an dat fir Autoe vun alle Marken.

Hutt Dir schonn den Tour gemaach an Ären neien Dramauto fonnt?

Wann net da vergiesst net fir bis op Walfer ze fueren, well hei fannt Dir e richteg traditionelle Familljen-Betrib deen et schonn zanter 1973 gëtt.

De Garage AUTO RALLYE DA SILVA! Si sinn net nëmmen offizielle SUZUKI-Agent, mee hunn och ëmmer eng Rei un gudden Occasiounen. An och Mechanik-, Karosserie a Lackéier-Aarbechte gi bei hinne gemaach an dat fir Autoe vun alle Marken.

Profitéiert elo wärend dem Autofestival vu super Konditiounen a besicht de Garage AUTO RALLYE DA SILVA zu Walfer am Millewee, kuerz virun der Bréck oder op garage-dasilva.lu.