D'Äntwert fannt Dir vläicht op der Schoulfoire vun den Nordstadlycéeën
© Jessica Theis
Och dëst Joer presentéieren sech erëm 5 Nordstadlycéeën - 2021 awer mol ënnert digitaler Form!
Wéi geet et no der Primärschoul weider? Awer virun allem: An wéi engem Lycée geet et weider? Fir Elteren a Schüler am Cycle 4, heibäi weiderhëllefen ze kënnen, organiséieren d’Lycéeën aus der Nordstad och dëst Joer erëm hir „Schoulfoire Nordstad“ – dëst Joer allerdéngs ënner digitaler Form.
E Samschdeg, de 27. Februar stinn Iech heifir vun 09.00 bis 12.30. 5 verschidde Lycéeë via Chatrooms Ried an Äntwert.
Um Internetsite schoulfoire-nordstad.lu presentéieren sech de Lycée Classique de Diekirch, de Nordstad-Lycée, de Lycée Technique d’Ettelbruck, de Lycée Technique Agricole an d’Ecole Privée Sainte-Anne an hëllefen Iech déi gëeegent Schoul ze fannen déi den individuelle Besoine vun ärem Kand gerecht gëtt.