Lët'z Wok op easycooking.lu
Beim Traiteur Paul Eischen kënn dir ganz bequem online bestellen. "Lët'z Wok" ass déi neiste Rubrik op der Platform!
Easycooking.lu, dat ass dem Paul Eischen sain Online Traiteurs Geschäft.
Hei gitt dir elo och verféiert, fir selwer ze kachen, mat sengem neie Konzept « Lët’z Wok ». Mat iwwer 20 neien originellen Rezepter, wou schonn alles am Viraus preparéiert ass, verwandelt den Paul Eischen jiddereen an e richtege Kichechef.
Doheem zesummen selwer kachen, gouf eis nach ni esou einfach gemaach wéi mat easycooking.lu. An engem kuerze Video kritt dir gewisen wéi et geet - an da « Lët’z Wok »! Et kritt een den elektreschen Wok och online ze kafen oder ze lounen wann een e puer Kreatiounen matenee kacht.
Easycooking.lu, dem Paul Eischen säi Rezept fir gesond ze bleiwen