Si raumen a botze Keller, Späicher oder e ganzt Haus

Luxdébarras ass e klenge Familljebetriib zu Lëtzebuerg, dee sech professionell a séier ëm alles bekëmmert wat mat Raumen a reglementairem Entsuergen ze dinn huet: En Haus oder e Späicher, e Keller, eng Garage, e Schapp, egal aus wéi engem Grond – Ëmbau, Plënneren, Stierffall - an dat zesumme mat Ecotrel, Ecobaterie a Superdreckskëscht.

Si hunn den Know-How an déi néideg Autorisatioune vum Ministère, a kënnen a spezielle soziale Fäll (wéi beim Diogenes Syndrom) hëllefen.

Déi entsuergte Géigestänn ginn u lëtzebuergesch Associatiounen, wéi den CNDS, oder si ginn an d’Brocante vu « Les Puces de Gostingen ». Les Puces de Gostingen hunn d'ganzt Joer iwwer op vun Donneschdes bis Sonndes, vun 2 bis hallwer 7.

Kuckt op luxdebarras.lu an op Facebook fir méi Detailer.

EgR : 22.02. - 27.02.2021