Véier Penthaiser gi versteet.

Beim Projet Gravity gëtt d’Gemeng Déifferdeng elo jidderengem d’Méiglechkeet e Penthouse am Häerz vun Déifferdeng ze kafen, dat Ganzt zu engem attraktive Präis! Heifir gëtt eng Stee organiséiert bei där 2 Duplexen an 2 Triplexe mat jeeweils 125 an 190m2 versteet ginn. Déi Appartementer befanne sech an engem modernen Tower, ganz uewen tëschent dem 16. an 18. Stack, mat Commercen um Rez-de-Chaussée an no um ëffentlechen Transport. De Bau huet schonn ugefaangen a wäert Enn 2023 fäerdeg sinn.

All d’Infoen zum Projet an der Stee kritt Dir beim Service Logement vun Déifferdeng oder op differdange.lu/gravity.

E gudde Rot : 22.02 - 27.02.2021
RTL