D'Fair Mëllech feiert Gebuertsdag!
Feiert mat a probéiert Äert Gléck beim Gewënnspill!
Viru genau 10 Joer hunn sech eng ronn 50 Baueren zesummegedoen an hier eege Mark gegrënnt – d’Mark déi mir Haut als „d’Fair Mëllech“ kennen.
Haut kënnen si op 10 Joer voller Erfarungen a Succèsen op hier villfälteg Gamm u Produiten zréck kucken a Gebuertsdag feieren!
D’Fair Mëllech an de Berdorfer hunn an Zesummenaarbecht mat der ORT an dem Natur- a Geopark Mëllerdall en Gewënnspill op d’Been gestallt.
Beim Akaf vu Fair Mëllech oder Berdorfer Produiten am Wäert vu 25 € kënnt Dir e Bong fir d’Restauratioun oder och eng Iwwernuechtung gewannen.
Probéiert Äert Gléck a schéckt de Keesenticket mat Ärem Numm bei „d’Fair Mëllech“. Méi Info fannt dir op fairmellech.lu.