Gebraucht an trotzdeem nei? Dat geet!
D'FEDAMO ass prett fir déi 9. Editioun vum Occasiounsfestival
Entdeckt nach bis de 16. Mee all d'Offere bei de FEDAMO-Memberen.
No der Corona bedéngter Paus vum leschter Joer, steet d’FEDAMO elo nees an de Startlächer fir déi 9. Editioun vum Autooccasiounsfestival. Dësen ass dëst Joer nach bis de 16. Mee.
Um Autooccasiounsfestival erwaarden Iech gepréiften Occasioune mat Garantie an zu exzeptionelle Konditiounen déi Iech vun de Profien aus der Branche ugebuede ginn.
D’Lëscht mat all de Participante fannt Dir op fedamo.lu. Hei kënnt dir och mat Hëllef vun engem Sichfeld, séier déi passend Occasioun ënnert méi wéi 2.700 Offere beim jeeweilege FEDAMO-Partner fannen.
Am meeschte gelies