Sport, Spaass a Spill zu Jonglënster

Eng Plage op 10 Minutte vum Kierchbierg a 15 Minutte vun Iechternach, mat groussem gratis Parking virun der Dier: fir all déi, déi dovunner dreemen ass d’Lënster Plage dëse Summer the beach to be.

Am Häerz vu Jonglënster, um Parking Polyvalent Gaston Stein heescht et vu Méindes bis Sonndes, vu moies 11 bis owes 10, Spill a Summer Spaass fir d’ganz Famill.

250 Sëtzplazen, eng iwwerdeckt Terrasse, summerlech Platen, eng Cocktail an Tapas Lounge, an en ofwiesslungsräiche Programm.

Ee vun den Highlighten ass och déi grouss LED Wand, wou Dir d’Sportsmanifestatioune vum Summer live verfollege kënnt!

Ob Sunday Brunch, Apero Plage oder live Musek: kuckt op lensterplage.lu fir all weider Info, och zu de Covid-Richtlinnen a wéi ee reservéiere kann.