Loosst Iech verwinnen!

E Sonndeg de 27. Juni am Parc zu Diddeleng e schéinen Nomëtteg genéissen mat der Famill oder mat Frënn ? Sech einfach verwinne loossen?
Beim Buffet gourmand am Parc Le’h ass fir jiddereen eppes dobäi : raffinéiert Platen an Zaloten, héichwäerteg Fleesch a Fësch vum Grill, elaboréiert Geméisplaten an Desserten, an natierlech Gedrénks.
Show cooking a musikalesch Begleedung stinn och um Programm, a wann et sonneg ass gëtt dat Ganzt zerwéiert op der neier Terrasse am eenzegaartege Kader vun der Le’h.
Fir en Dësch ze reservéieren oder fir méi Informatiounen iwwert d‘Sonndeger am Parc beim Buffet Gourmand, kuckt op www.parcleh.lu.

EGR 21/06/21 Parc Le'H