Luxautoland op hirer neier Adress zu Drénkelt.
Ob fir e neien Auto, eng Occasioun oder Reparaturen um Auto, mat Luxautoland hutt Dir e staarke Partner.
Luxautoland ass de Spezialist fir Jores- an Hallefjoeresween vun Audi, VW, SEAT a SKODA. Als Deel vum Group Scholzen, bréngen si iwwer 60 Joer Erfarung an der Automobilbranche mat, sief et fir modern Gefierer, Autosreparaturen oder Revisiounen.
Zanter 2006 sinn si zu Lëtzebuerg an dat elo op hirer neier Adress: zu Drénkelt an der Gemeng Ëlwen, mat 4000m2 fir de Garage an de fonkelneie Showroom! Dat ass an der Industriezon „op Stackem“: Aus dem Kreesverkéier Wemperhardt Richtung Ëlwen läit et um Enn vu Wëlwerdang op der lénker Säit.
Als Privatpersounen ewéi och als Betrib kënnt Dir vun hirer breetgefächerter Offer profitéieren. Kuckt och op luxautoland.lu.