Entdeckt d'Elefanten och bei Insolite an der Belle Etoile
Nach bis den 13. September
D’Elefantebabyen sinn erëm zu Lëtzebuerg op Besuch!
Entdeckt déi 40 Elefanten vun der Elefanteparade an de schéinsten Akafsstroossen a Geschäfter uechter d’Land.
Déi beléiften faarweg Elefanten kritt dir och an der Boutique Insolite an der Belle Etoile ze kafen.Hei fannt dir déi verschiddenst Modeller an allen Gréissten esou wéi eng ganz Rëtsch vun trendy Kaddosiddien mol méi sérieux mol méi witzeg wéi zum Beispill déi bescht bekannten Yankee Candles a villen ënnerschiddlechen Doftrichtungen.
Ass dat net elefantastesch?
Méi Info op der Facebooksäit vun Insolite a bestelle kënnt dir op letzshop.lu an dir kritt praktesch heemgeliwwert.
Boutique Insolite an der Belle Etoile !