An den 13 Gemengen déi matmaachen si ganzer 40 Elefante verdeelt!

D‘Elephante sinn ënnerwee. An den Akafsstroossen queesch duerch d‘Land. Maacht den Tour vun den 13 Gemengen déi matmachen an entdeckt déi grouss Diversitéit vun eisem lokalen Handel a loosst Iech an engem flotte Bistro oder Restaurant verwinnen.

A wann Dir engem Elephant begéint, maacht eng Foto, post se ob de soziale Netzwierker mam Hashtag elephantparadeluxembourg a wannt all Dag e Bong vun 100 Euro fir op Letzshop.lu anzekafen.

Mä domat net genuch : Dir kënnt souguer selwer een Elefant entwerfen a mat e bësse Chance eng elefantastesch Reess gewannen. Detailer fannt dir ob elephantparade.lu

Eng Aktioun vun der Generaldirektioun fir Mëttelstand

EGR - Generaldirektioun fir Mëttelstand