Inspiratioune fir summerlech Aktivitéiten heiheem:
Am Katalog vu Visit Guttland
Entdeckt d'Guttland a senge schéinste Facetten.
Visit Guttland a seng 28 Gemenge lackelen dëse Summer och an der Woch mat flotten Tier an Aktivitéiten.
De Katalog vun dëse “Guided Summer Tours” ass agedeelt a 4 Kategorien:
- By Day: zum Beispill Velostouren oder Visitte vu Réimersiten
- By Night: mat Aktivitéiten owes, wou ee flott Sonnenënnergäng op spezielle Platze kann entdecken
- Guttland for Kids mat verschiddenen Atelieren
- Guttland Specials, mat Aktivitéiten déi just op eenzelen Datumer stattfannen
Dëse Programm vun am ganze 7 Woche fënnt leeft nach bis den 11. September vu Méindes bis samschtes statt. Fir Infoen a Reservatioune gitt einfach op visitguttland.lu. oder hirer Facebooksäit.
E gudde Rot mat visit Guttland: 23-28.08.2021
Am meeschte gelies