Och mat steierleche Virdeeler

D’ ING erlaabt et Entreprisë mam "Leasing Financier" hir Investitioun ze finanzéieren  an z’optimiséieren.

Ma dëst adresséiert sech och u Fräiberuffler a fräischaffend Betriber.

Finanzéiert gi mam Leasing Financier Firmeween ma awer och Maschinnen an aner Equipementer fir de Betrib. Vun der Camionnette iwwert de Bagger, bis zu Computeren an IT Programmer.

Am Plaz d’Material direkt iwwert Eegekapital ze kafen oder e klassesche Kredit ze maachen, keeft d’ING den Objet a verlount en un de Betrib.

Um Enn vum Kontrakt kann een den Objet zum Reschtpräis ofkafen oder et gëtt een en un d’Bank zeréck. Et kann een en awer och de Kontrakt verlängeren.

Des Zort vu Leasing huet steierlech Virdeeler, z. B. d’Recuperatioun vun der TVA um Loyer, deen als Charge och steierlech kann ofgesat ginn

Méi Info op ing.lu.

EGR : ING Leasing Financier