Schmaacht a loosst Iech iwwerzeegen

Cereal Lovers ass eng jonk Lëtzebuerger Mark mam Label 'Made in Luxembourg´, déi fir equilibréierten, zum Deel Bio oder souguer Vegan Take-Away steet.
Am flotten Design Buttek am Bannenhaff vum Kapuzinertheater kënnt Dir awer och di komplett Gamme vun Healthy-Produkter direkt sur place consomméieren.
Eis ausgebilte Barista’en freeën sech fir Iech mat Specialty Coffee an aussergewéinleche Rezepter ëm d’Thema Kaffi z’iwwerraschen.
An da ginn et jo och nach hir Kuchen an aner Dessert’en di fir e flotte Moment bei Cereal Lovers suergen.
Mam grousse Choix vun Design Artikelen ëm den Thema Breakfast fannt Dir ëmmer e flotte Kaddo fir är Frënn oder fir Iech selwer.

Cereal Lovers, the all day breakfast place in the city.

Méi Info och op cereallovers.lu

EGR Cereal Lovers