Et gëtt och e Maart an Äerer Géigend

Frësch, lokal a saisonal, kaaft Är Produiten um Maart an Dir wësst wat Dir iesst.
De Lëtzebuerger Maartverband ass eng ASBL déi aus Maarthändler a Produzente besteet fir zesumme mat de Gemenge fir Iech Mäert ze organiséieren.
Mäert ginn et uechter dat ganzt Land: an der Stad beim Aldringen, zu Esch, Diddeleng, Ettelbréck, Dikrech, Mamer, Stroossen, Hesper, Kayl, Schëffleng a net ze vergiessen de Glacismaart.
Hei fannt dir Uebst a Geméis, Fësch, Fleesch a Charcuterie, Kéis a Crèmerie, Brout a Patisserie, Hunneg, Oliven, gebrode Poulet, Bioproduiten, Zierplanzen, Blummen a Nuddelen.
Méi Info op www.maart.lu

EGR Lëtzebuerger Maartverband