Eng gutt Geleeënheet fir schonn e Chrëschtdagskaddo oder -deko ze besuergen.

Wann déi fréier Schifergrouwe vun Uewermaartel hir erstaunlech Kuliss hiergi fir ronn 40 Stänn ronderëm d'Advents a Wanterzäit, dann ass nees Chrëschtmaart am Schiefermusée!

Am beschte mat feste Schung kommt Dir op Uewermaartel, bei déi al Energiezentral, bei d‘Plaz ëm de fréiere ConcAsseur, an an d'Spalthaus! Erlieft déi fréier Leekoll an hirem Adventskleed, ënnerluecht mat Musek vu verschidden Ensembelen.

De Chrëschtmaart ass organiséiert vun de Frënn vun der Lee, freides owes vu 7 bis 11 Auer a samschdes vun 11 Auer moies bis 11 Auer owes.

Den Entrée op dësem Covid-Check Event ass fräi.

All d'Infoen op ardoise.lu an op der Facebooksäit vum Musée de l‘Ardoise

E Gudde Rot: 22.11. - 27.11.2021
RTL
RTL