Happy Birthday Garage Schmitz
Extra vill Virbestellunge fir de Festival
De BMW Concessionär vu Miersch, am Häerze vu Lëtzebuerg, ass zënter 60 Joer bekannt fir gudde Service a professionell Berodung.
Dëst Joer hu si sech mat ville Virbestellungen extra gutt op den Autofestival virbereet, fir är Waardezäit op den neien Auto ze verkierzen an Iech kënnen e grousse Choix ze bidden.
‚The Power of Choice‘ ass nähmlech d’Stäerkt vu BMW.
Dowéinst kritt Dir praktesch all Modell mam Motor vun Ärem Choix :
Bensinner, Diesel, Hybrid oder voll elektresch.
Fir d’50 Joer vu BMW M ass wärend dem Festival beim Schmitz och eng flott Austellung vu BMW Young- an Oldtimeren.
Huelt Iech am Beschten e Rendez-vous, de Garage Schmitz ass um Festival all Dag vu 8 bis 8 fir Iech do.