E gratis Programm mat Online-Workshops fir ronn 2.000 PME.

D'House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce a Google collaboréieren am Kader vun engem gemeinsame Programm fir d'Sensibiliséierung vun der Digitaliséierung.

Et handelt sech em ee Programm mat Online-Workshops, dee ronn 2.000 Entreprisë bei hirer digitaler Transformatioun ënnerstëtzt. De gratis Programm mam Numm "Grow with Google" soll d'Bewosstsinn vun de PME fir den E-Commerce an digitale Marketing schäerfen, fir eng nohalteg an integrative wirtschaftlech Erhuelung z'erreechen.

Méi Infos an de ganze Programm fannt Dir am Agenda op cc.lu.

EGR - House of Entrepreneurship - 07/03 - 11/03/2022