Entdeckt regional sou wéi Bio a Fairtrade Produiten!

De 7. Mäerz ass et nees esou wäit: d’Gemeng Nidderaanwen invitéiert nees op hire Maart. Och dëst Joer fannt Dir hei vill verschidden Exposante mat hiren Artikelen. Hei fannt regional sou wéi Bio a Fairtrade Produiten wéi zum Beispill e Keisstand, Nuddelsstand, Kichengeschirr oder e Broutstand an vill anerer.

D’Gemeng freet sech Iech nees all begréissen ze kënnen an Iech och déi verschidde Produite schmaachen ze loossen. Niewent den Exposante fannt Dir de 7. Mäerz och e Stand vum Télévie mat villen Aktivitéiten um Maart.

De Maart ass an der Tréirerstroos zu Nidderaanwen vun 3 bis 7 Auer. An d’Lescht mat de villen Exposanten mat hiren neie Produite an d’Veräiner fannt Dir ëmmer op Facebook oder op niederanven.lu

EGR - Gemeng Nidderaanwen - 28/02 - 04/03/2022