Am Lycée Josy Barthel zu Mamer
Porte Ouverte den 22. an 23. Abrëll
E gudde Rot mam Lycée Josy Barthel
Du, d’Natur an d’Wëssenschaft ass d‘Leitmotiv vum Lycée Josy Barthel zu Mamer.
„Du“ – well de Schüler mat sengen Interessen a Kompetenzen am Mëttelpunkt steet.
„D’Natur“ - well de Lycée Josy Barthel eng ekologesch Schoul ass, mat eegenem Park a Biotop, a wou d’Nohaltegkeet e feste Bestanddeel vun allem an.
„An d’Wëssenschaft“ – well déi sech wéi e roude Fuedem duerch all d’Sektiounen zitt. Am Klassik, am Général, an an der Formation Professionelle, mat Schwéierpunkten ewéi Naturwëssenschaften, Architektur, Medien a Kommunikatioun... an souguer engem spezielle Makerspace wou d‘Schüler selwer kreativ ginn.
D’Porte Ouverte vum Lycée Josy Barthel zu Mamer ass de Freideg 22. Abrëll vun 3 bis hallwer 7 an e Samschdeg den 23. Abrëll, Moies vun 9 bis hallwer 1.
Méi Info och op www.ljbm.lu.