Spill a Spaass fir déi ganz Famill

De Syndicat Intercommunal Kanton Réiden invitéiert dëse Weekend op de Weekend vum Wëlle Westen, eng gemeinsam touristesch Porte Ouverte am Réidener Kanton.

Entdeckt wärend deenen zwee Deeg alles wat de ‚Wëlle Westen‘ ze bidden huet.Animatioun fir déi ganz Famill op 4 Sitten: d’Buerg zu Useldeng, Thillenvogtei zu Randschelt, de Schifermusée zu Maartel an d’Millen zu Biekerech.

Op deene 4 Sitten erwaarden Iech gratis Visitten an Aktivitéiten op Lëtzebuergesch a Franséisch, gratis Navetten oder och e Picknick, Vëlostouren, Iessen an drénken a villes méi.

Méi Info och op visitwellewesten.lu oder op der Facebook Säit vum Visit Wëlle Westen