Maacht Iech all e schéine Päischtweekend zu Cliärref!

Päischtweekend, vum 3. bis de 6. Juni ass zu Cliärref eng méi lass! D’Cliärrwer Geschäftsleit organiséieren den éischte Marché Provencale.

Fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg, mat méi wéi 40 Aussteller aus der Provence. Et erwaarden Iech regional a lokal Produiten aus dem schéine Süde vu Frankräich.

Iessen, Gedrénks, Seefen a villes méi.

P+R gëtt duerch ganz Cliärref ugebuede – oder kommt einfach ganz gemittlech mam Zuch!

D’Cliärrwer Geschäftsleit freeën sech op Iech!