Eng Programmatioun fir Jiddereen

Och dëst Joer feiert d'Kulturhaus Nideraanwen zesumme mat lokale Veräiner d´Fête de la Musique. Dëse Samschdeg fannen am Park zu Nidderaanwen gratis Concerten a musikalesch Animatiounen fir Jiddereen statt.

Mat dobäi sinn d´Schüler aus der Museksschoul Niederanven, den Duo Viņš un Viņa, d´Potty Lotty mat enger musikalischer Erzielung fir Kanner, de Sven Sauber & Band an den Duo Claudine Muno & Thierry Kinsch.

Donieft ginn et eng interaktiv Klanginstallatioun an e Museksatelier mam Sarah Grün fir Kanner ab 2 Joer.

Fête de la Musique zu Nidderanven, den 18. Juni am Park

Weider Infoen an de Programm ënnerwww.khn.lu.