Kommt op d'Ouverture an entdeckt de grousse Choix un Vëloen an Accessoiren!

Nom 1. Buttek zu Izeg, huet Andy Schleck Cycles sech elo vergréissert an en  2. Geschäft zu Mäertert bei der Copal opgemaach.

An de Rayone fannt Dir all Type vu Veloen: vum Coursevelo iwwert den Elektrobike laanscht de MTB bis hin zum Kannervelo.. esou wéi och Project One – dëst si personaliséiert Vëloen.

Mee och wann Dir Äre Vëlo - an dat egal vu wéi enger Mark - wëllt flécke loossen, sidd Dir hei gutt beroden!

Kommt och den 18. Juni op hir Ouverture an entdeckt hire grousse Choix un Vëlosaccessoiren, Gezei an Helmer – fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.