Mam Motto: Demenz - verbonne bleiwen

„Demenz – Verbonne bleiwen“ dëst ass de Motto vum Memory Walk, deen d’ALA dëse Samschdeg am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag organiséiert.
Verbonne bleiwen, doduerch dass mir de Mënsche mat Demenz op Aenhéicht a mat Récksiicht am Alldag begéinen, fir hinnen e Gefill vun Zougehéieregkeet a Sécherheet ze ginn.
Vun 11 Auer un gitt Dir op der Place Clairefontaine alles iwwer déi verschidde Forme vun Demenz an d‘Servicer vun der ALA gewuer. Concerte vum Serge Tonnar & Band a vu Les Brasseurs sinn och um Programm.
A fir Är Solidaritéit mat de betraffene Leit ze weisen, maacht mat beim Memory Walk.
Umelle kënnt Dir Iech gratis op alzheimer.lu
De Memory Walk vun der ALA: dëse Samschdeg op der Place Clairefontaine.

19/09/2022 EGR ALA