Vun Dënschdes bis Sonndes

Mënschlech Kierperen déi leiden, déi kämpfen, awer déi hier mënschlech Würd ni verléieren. Dat ass den Haaptsujet an de Molereien a Skulpturen déi de Bruce Clarke an enger atmosphäresch dichter Ausstellung am Escher Resistenzmusée weist. D‘Ausstellung „ECCE HOMO“, déi am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 am Musée gewise gëtt, dauert nach bis den 30. Dezember. Si ass vun Dënschdes bis Sonndes vun 10 Auer Moies bis 6 Auer Owes op. Donneschdes ass eng Nocturne bis Owes hallwer 8.

De Programm mat Konferenzen, Table-Ronden a Visitte fannt Dir ënner www.mnr.lu

EgR - Escher Resistenzsmusée - 21.11-25.11.2022
RTL