Chrëschtmaart am Musée de l'Ardoise
En Event fir déi ganz Famill
De Musée de l'Ardoise ass dee ganze Wanter iwwer op mat senger fuschneier Grouf op 42 m Déift.
Dëse Weekend, de 25. a 26. November ass zousätzlech och nees Chrëschtmaart. Am Spalthaus vun de fréiere Schifergrouwen a ronderëm de Bopebistro schmeechele vill Stänn a musikalesch Ensembelen der Advents- a Wanterzäit.
De Chrëschtmaart, organiséiert vun de Frënn vun der Lee zesumme mat Gemeng Rammerech an dem Musée de l'Ardoise ass op Freides owes vu 7 bis 11 Auer a Samschdes vu 5 bis 11 Auer.
Wärend dem Chrëschtmaart sinn Descenten duerch déi nei ënnerierdesch Schifergrouf och bis owes méiglech. Denkt awer drun ze reservéieren an egal wéi ee Puer fest Schong unzedoen.
Den Entrée op de Site ass fräi.
Infos op www.ardoise.lu an op der Facebooksäit vum Musée de l‘Ardoise.