Glühwein, Buden, gutt Affären a villes méi!

Den 2., 3. a 4. Dezember invitéiert de Cliärrwer Geschäftsverband op e ganz spezielle Wantershopping.

Festlech dekoréiert Stänn dobaussen an der Geschäftsstrooss, waarm Käschten, Kniddelen, a Glühwäin suerge fir Stëmmung; fir méi Iessen a Gedrénks suergen déi lokal Restauranten.

Dräi Deeg laang begeeschtert e flotten Animatiounsprogramm Grouss a Kleng. Mat Kannerchouer, Kannertheater, Concerten mat Silk&Sonic, Rike Port a Patricia a Bruno Venancio. An de Kleeschen gëtt de brave Kanner Samschdes Rendezvous.

D’Wanteraktioun gëtt organiséiert vum Cliärrwer Geschäftsverband mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Cliärref.

Dir fannt d‘Auerzäiten an de ganze Programm op clervaux.lu an op visit-clervaux.lu

EgR: 28.11. - 03.12.2022